top of page

Avalon-Seminar zu Glastonbury (Südengland)

“The Ways of Avalon have not been forgotten. They have slumbered in the psyche of all women, awaiting, perhaps, a time to reemerge. A time when, once again, Avalon may serve as a path of healing, of empowerment, of self discovery. A time when a woman, dedicated to her personal growth, can once again climb the Tor’s spiraled path and find the Goddess within.” (http://sisterhoodofavalon.org/soa2013/)

Ech bidden ee Seminar u mam Titel: "Reise nach Avalon - Reise zu DIR".

 

Eis Rees féiert eis op Glastonbury, eng magesch kleng Stad am Südweste vun England. Archeologesch Ausgruewungen hunn nogewisen, dass hei scho virun 10.000 Joer Leit gelieft hunn an di helleg Quelle genotzt hunn. Hei treffen di rout an di wäiss Draachelinn openeen, dat si Leylinnen déi queesch duerch de Süde vun England fléissen. Dës bréngen eng aussergewéinlech Energie mat sech – wat dozou geféiert huet, dass zu allen Zäiten d'Géigend ëm Glastonbury spirituell an energetesch genotzt a gewierdegt ginn ass. Et gëtt gesot, den Häerzchakra vun der Äerd wier a Westeuropa, a matten am Häerz vun dësem Chakra léich Glastonbury.

Der So no läit hei zu Glastonbury dat legendäert Avalon, verbuergen an de Schleiere vun der Zäit an am Niwwel, deen zu fréieren Zäiten, wou hei nach alles Marschland war, iwwer dem Land hung. Mat Avalon a Verbindung ze trieden hëlleft eis, Zougank zu alem, längst vergiessenem Wëssen erëm ze fannen, awer och den Zougank zu eis selwer, eiser Séil nees nei z'entdecken.

Mir wëllen di puer Deeg zu Glastonbury notzen, eis Helfer aus der schamanescher Welt ëm Rot ze froen zu engem bestëmmten, perséinlechen Thema. Hei, wou d'Schleieren tëscht de Welte besonnesch dënn sinn, ass déi ideal Plaz, Ales ze klären an eis mat eis selwer auserneen ze setzen. Déi zwou Leylinnen (d'Michael-Linn mat hirer mächteg männlecher Energie an d'Mary-Linn mat hirer wonnerbarer, doucer a weiblecher Energie), déi sech hei zu Glastonbury ëmspillen a kräizen, hëllefen eis, eis dëst Thema ënner verschiddenen Aspekter unzekucken. D'Begéine vum Männlechen a Weibleche wierkt sech ausgläichend aus op eis ganzt Wiesen.

D'Statioune vun eiser Rees leien op engem Spiralwee, engem Wee deen eis Transformatioun bréngt, an eis mat all Schrëtt eis selwer ee Stéck méi no bréngt. Si bauen op d'Buch „Der Ruf Avalons“ vum Désirée a Martin Baierl op, mat der frëndlecher Genehmegung vun dësen zwee sympathesche Schamanen! :)

Mir verbannen eis mat den Energië vun Avalon, trieden a Kontakt mat der grousser Gëttin a mat den Draachelinnen, déi queesch duerch Südengland fléissen an zu Glastonbury mateneen danzen an sech ëmmer nees kräizen. Mir drénken aus den hellege Quellen, bueden an der Wäisser Quell, kloteren op den Tor a klappen u beim Här vun der Anderswelt sengem Glasschlass, fueren op Avebury fir Rot ze siche bei de weise Steng aus deem urale Steekrees. Mir kucken eis d'Abtei u mat deem wonnerschéine Park a lauschteren dem Flüstere vu mächtege Bamwiesen, ginn an de Goddess Temple, wou mir eis Käerz un der Flame of Avalon ufänke fir hiert Liicht mat an d'Welt eraus ze droen. Mir hunn awer och genuch Zäit fir an deene villen urege Buttiker ze stöberen an e puer Erënnerungen un dëse mageschen Uert mat heem ze bréngen.

Mir organiséieren eis Rees gemeinsam, jidderee mécht se awer op eege Verantwortung. D'Rees- an Transportkäschten, Hotel/B&B, Iessen a perséinlech Ausgaben iwwerhëlt jidderee selwer.

De Präis vum Seminar ass 280 €. Do ass d'Entrée fir di verschidde Siten abegraff.

Ënner dësem Link kanns du dir d'Impressioune vun eiser 1. Avalon-Rees ukucken.

Bei Interessi an eventuelle Froe kanns de mech kontaktéieren ënner der Mailadress entspan.dech@gmail.com.

Ech freeë mech op dech!

Datum vun der nächster Rees:

Päischtvakanz: 24. - 29. Mee 2026

„Wenn Sie diesen Weg beschreiten, kommen Sie mit jedem Schritt näher zu sich selbst, zu dem, was Sie wirklich wollen und eigentlich sind.“  Désirée und Martin Baierl: Der Ruf Avalons - in 7 Schritten zur eigenen Bestimmung

                                                   © 2025 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page