top of page

Coursen

 

Op Ufro bidden ech folgend Ausbildungen a klenge Gruppen un:

  • Schamanesch Berodung

Schamanecourse ginn et der 5:

S1: Initiatioun an de Schamanismus

S2: Seelenrückholung

S3: Naturwiesen

S4: energetesch Hausrengegung, schaffe mat Kraaftobjekter

       an aner schamanesch Techniken

S5: ronderëm den Doud

Den S1 ass de Basiscours, di aner Course mécht een (wann ee wëllt) an där Reiefolg wéi ee Loscht huet a wéini ee prett dofir ass. Wann s du all 5 Course matgemaach hues, kriss du een Zertifikat als schamanesche Beroder.

​​

D'Präisser pro Cours sinn di folgend:

S1 - S3 - S5: 250 € (dauert jeeweils 2 Deeg: SA 10h - SO 18h)

S2 - S4: 125 € (dauert jeeweils 1 Dag: SA oder SO 10h - 18h)

  • REIKI I bis III

D'Initiatioun an de Reiki I, II an III fënnt jeeweils an engem Weekend statt. Di 3 Course bauen openeen op. Et ass gutt, sech d'Zäit ze gi mam Reiki ze schaffen, ier een sech fir deen nächste Grad umeld. Dës Course sti jidderengem op, deen sech derfir interesséiert, sech selwer an/oder aner Leit mat der doucer Reiki-Energie ze verwinnen.

No all Cours krss du een Zertifikat.

D'Präisser pro Cours sinn di folgend:

Reiki I:   200 €

Reiki II:  250 €

Reiki III: 300 €

  • Gutt ze wëssen:

Dëss Course ginn a mengem Chalet zu Bitscht gehal. Et besteet eng Méiglechkeet, dass du do iwwernuechte kanns - schwätz mech einfach dorop un.

Geknabbers a Gedrénks dagsiwwer sinn am Präis abegraff.

All dëss Course ginn op lëtzebuergesch gehal op Basis vun engem Script an däitscher Sprooch.

  • Umeldung fir all Coursen:

- per Mail un entspan.dech@gmail.com

- per Telefon/WhatsApp um +352 691 662 588

"Der Arzt verbindet deine Wunden. Dein innerer Arzt aber wird dich gesunden. Bitte ihn darum, sooft du kannst."  Paracelsus - http://www.sasserlone.de/tag/502/heilung/

                                                   © 2025 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page