top of page

D'Kraaft vun der Entspanung

Stress schued eis. Dat ass mëttlerweil allgemeng bekannt. Stress ass awer nit gläich Stress – et gëtt deen zäitlechen Drock deen eis Stress mécht („Dat muss bis den Owend 8 Auer fäerdeg sinn!“), da gëtt et awer och emotionale Stress (no enger Trennung z.B.) a mentale Stress („Sinn ech gutt genuch dofir?“ – „Wéi soll ech di Rechnung do nëmme bezuelen?“). Egal ënner wéi enger Zort mir leiden, wichteg ass et ze léieren domat ëmzegoen. Well och wa mir et fäerdeg bruecht hunn, eis Aarbecht am Delai ofzeginn a mengen elo géif et besser goen … deen nächsten Termin steet scho virun der Dier, an d’Iwwerstonne sinn sou sécher wéi den Amen am Gebiet.

NKWB5054.jpg

Stress kann een op Dauer nit vermeiden. Mir liewen an enger schnelllieweger Welt, alles ass gereegelt, alles ass genormt. Et ass schwéier, aus dem System erauszekommen. Ëmsou méi wichteg ass et, en Ausgläich ze fannen, eppes fir sech ze maachen, eppes wat engem hëlleft, erofzekommen.

Entspanungstechnike ginn et vill. Si hëllefen eis effektiv, besser mam Stress kënnen ëmzegoen. Wichteg ass et, dass jidderee fir sech déi Technik fënnt, déi ëm zouseet – a praktesch ëmsetzbar ass. Entspanungstechniken auszeübe kascht awer Zäit. A wien huet schonn Zäit wann e gestresst ass? Een Däiwelskrees also??


 

Villäicht ass et Zäit sech virun An ze halen, wat de Stress wierklech an eis ausléise kann. Eise Kierper weist eis, wann eppes nit geet – a wa mir nit op di kleng Message lauschteren, jäizt e méi haart. Aus engem klenge Bobo gëtt ee groussen …

Eise vegetativen Nervesystem besteet haaptsächlech aus deenen 2 Nerve Sympathikus a Parasympathikus. De Parasympathikus gëtt och als „Nerv vun der Rou“ bezeechent a gëtt aktiv wann de Mënsch an den Zoustand vun der Rou, vun der Entspanung geet. De Sympathikus, den „Nerv vun der Erreegung“, gëtt aktivéiert fir dem Mënsch ënner Stress eng Leeschtungssteigerung vum Organismus ze garantéieren. De „Fluchtmodus“ gëtt aktivéiert, an deen ass an enger Geforesituatioun duerchaus hëllefräich fir all eis Reserven esou zur Verfügung ze stellen, dass mir fortlafe kënnen, oder eis verdeedegen. Fir dat z’erreeche steigert de Sympathikus ënner anerem d’Häerzfrequenz an de Bluttdrock an erweidert eis Bronchien, hemmt dofir awer eis Verdauung a verengt eis Gefäßer. Hie bréngt d’Liewer dozou, d’Produktioun vu Glukose eropzefueren, a gläichzäiteg produzéiert de Pankreas manner Insulin, wat zu engem erhéichte Bluttzockerspiggel féiert an di néideg Energie liwwert déi an enger Geforesituatioun gebraucht gëtt fir ze reagéieren.

Am Normalfall sollen dës 2 Nerven harmonesch zesummeschaffen. Mat deem permanente Stress, deem mir ausgesat sinn, ass dëst Zesummespill awer aus dem Gläichgewiicht komm: de Sympathikus schafft méi wéi dat fir wat d’Natur en ursprénglech konzipéiert hat. D’Harmonie vu Yin a Yang si gestéiert. Stressreaktioune vu kuerzer Dauer sinn harmlos. Eescht gëtt et, wann de Stresszoustand iwwer länger Zäit besteet.

Wann een da kuckt fir wat de Sympathikus zoustänneg ass, erkennt een, dass vill vun eise sougenannten Zivilisatiounskränkte genau dës Symptomer ausweisen: Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, Diabetes, Verdauungsproblemer. Psychoonkologe sinn sech eens, dass chronesch Stressbelaaschtung eng direkt schwächend Inzidenz op eisen Immunsystem huet an dat eng vun den Ursaachen ass duerch déi Kriibs sech entwéckele kann.

Ëmsou méi wichteg ass et dann, dass jidderee fir sech kuckt, dat Gläichgewiicht a sengem vegetativen Nervesystem erëm méiglechst hierzestellen! Entspanung hëlleft eis hei derbäi, andeems se de Parasympathikus stäerkt. Ee gestäerkte Parasympathikus hëlleft, d’Auswierkunge vum Sympathikus nees an d’Gläichgewiicht ze bréngen:

Japanesch Medeziner vun der Nippon Medical School hunn z.B. an enger Etüd dokumentéiert, dass den Openthalt am Bësch gehollef huet bei Leit mat Diabetes de Bluttzockerspiggel ze senken. Och d’Niewenniere sinn dozou ureegt ginn d’Produktioun vun de Stresshormoner Adrenalin, Noradrenalin a Cortisol erofzefueren.

 

Experte vun der Mayo-Clinic (Minnesota, USA) soen och, dass Entspanungstechniken ee gudde Wee sinn, besser mat Stress ëmzegoen. Entspanung heescht hei nit nëmmen zur Rou kommen, et ass ee Prozess, deen d’Auswierkunge vum Stress op Kierper a Geescht reduzéiert. Hire Recherchen no kënnen dës Technike Stressymptomer reduzéieren, woubäi d’Praktizéiere dovun derzou bäidréit dass

  • d’Häerzfrequenz erof geet

  • de Bluttdrock gesenkt gëtt

  • d’Otemfrequenz erof geet

  • d’Aktivitéit vun de Stresshormoner reduzéiert gëtt

  • d’Duerchbluddung vun de Muskelen erhéicht gëtt

  • Muskelverspanungen a chronesch Péng reduzéiert gëtt

  • d‘Konzentratioun verbessert gëtt

  • gutt Laun gefërdert gëtt

  • Middegkeet reduzéiert gëtt

  • Roserei a Frustratioun gesenkt ginn

  • d’Selbstvertraue gestäerkt gëtt, Problemer richteg unzegoen.

     

 

Dëst heescht sécher nit, dass all eis Krankheete geheelt kënne ginn, wa mir eis eng Kéier eng Stonn Rou gënnen. Awer reegelméisseg Entspanungsübungen a Spadséiergäng an der Natur dierften, begleedend zur néideger medezinescher Therapie, dozou bäidroen, dass mir eis besser fillen. Dee gréisste Virdeel awer dierft am der Preventioun vu Krankheete leien: wa mir fréi genuch ufänken eis z’entspanen, ass et méiglech, dass Krankheeten sech guer nit eréischt entwéckelen.


 

Sourcen:

Nur in einem ruhigen Teich spiegelt sich das Licht der Sterne  Chinesisches Sprichwort

                                                   © 2017 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page