
CHT geet dervun aus, dass all Symptom eng energetesch Ursaach huet. Mat Hëllef vun dëser Method probéiere mer, dës Ursaach opzespieren an se am feinstoffleche Kierper opzeléisen.
Iwwer de ganze Kierper verdeelt si sougenannten TOR-Punkten, déi duerch eng douce “energetesch Massage” stimuléiert ginn, an esou Blockaden, al traumatesch Erfahrungen an negativ Gedankemuster fräizesetzen. Dëst huet eng positiv Auswierkung op de ganze Mënsch: seng Aura gëtt gekläert, seng Chakren an d'Gläichgewiicht bruecht, d’Liewensenergie ka rëm fräi fléissen. Geschafft gëtt och mat der Energie vu Faarwen, Wierder a verschidden aner Informatiounen. D'Emotioune gi mam Verstand erëm an Einklang bruecht, d'Selbstheelung vum Kierper gëtt ugereegt.
CHT baut op verschidde Philosophien op, wéi z.B. dat aalt Wëssen aus der TCM (traditionell chinesesch Medezin), wou de Floss vun der Liewenskraaft (Chi) duerch d’Meridiane beschriwwe gëtt, di al vedesch Léier vun de Chakren an de feinstoffleche Kierpere vum Mënsch, d’Prinzip vun der Schwéngungsmedezin aus der Homeopathie – fir nëmmen déi ze nennen.
D’”Mamm” vun der CHT-Method ass d’Christine Strübin, eng hellsiichteg Heelerin aus dem Blaubeerwald a Bayern. Säit 1992 léiert hatt dës wonnerbar Technik.
Weider Informatioune fënnt een ënner folgendem Link: http://www.cantorholistictouch.de/grundlagen-von-cht.html

Cantor Holistic Touch
Cantor Holistic Touch (CHT) ass eng ganzheetlech Heelmethod, déi op allen Ebene vum Mënsch usetzt: Kierper, Séil a Geescht.
