
EmmettTechnique
D'Emmett Technique ass eng douce Method fir mat einfache Grëffer de Kierper dozou ze bréngen sech z'entspanen. Andeem (meeschtens ganz liicht) op bestëmmte Punkten op de Muskelen, de Faszien oder de Sehne gedréckt gëtt, kritt de Kierper d'Informatioun sech z'entspanen an a säin ursprénglechen Zoustand zréck ze setzen. Mat där richteger Kombinatioun vu Grëffer ass et also méiglech, verspaante Muskelen ze léisen, Péng

ze reduzéieren, ageschränkte Bewegungsofleef nees fléissend ze kréien an de Kierper a Balance ze bréngen. Dës Technik kann och eng positiv Auswierkung op emotional Ongläichgewiichter hunn.
Emmett ka jidderenegem hëllefen an och vu jidderengem geléiert ginn! Nieft der Ausbildung fir dem Mënsch ze hëllefen, gëtt et och Seminairen déi sech spezifesch op den Hond oder d'Päerd konzentréieren.
Dës Method gouf vum Australier Ross Emmett entwéckelt a vum Barbara Schygulla, enger Heilpraktikerin vu Bremen, op Lëtzebuerg bruecht. 2016/2017 gouf di éischt Ausbildung hei am Land ugebueden an am Mäerz 2017 hunn di 7 éischt Full Practitionner aus Lëtzebuerg hiren Zertifikat kritt.
Weider Informatioune fënnt een ënner folgendem Link: https://www.rossemmett.com.au/about/the-emmett-technique.
„These pains that you feel are messengers. Listen to them. Turn them to sweetness....“ Rumi