

Töchter der Venus
Healing Circle*
Heiansdo bréngt d’Liewen eis an eng Situatioun, an där mir eis eleng fillen, net méi weider wëssen a mengen, de Plaffong géif eis op de Kapp falen. An esou Momenter fält et schwéier, driwwer ze schwätzen. Vläicht ass grad keen do, deen eis nolauschtert. Vläicht hu mir Angscht, anere Leit op de Sou ze goe, wa mir eise Misär deelen. Vläicht hu mir ni geléiert, eis wierklech opzemaachen. Oder mir mengen, mir wiere jo net esou wichteg.
Vläicht ass eisen Töchter der Venus Healing Circle* grad déi Plaz, wou s du dech gebuergen fills – wou een dir nolauschtert an deng Séil e bëssen Otem fënnt.
Mir sinn eng Grupp vu Fraen, déi och scho selwer duerch schwéier Zäite gaange sinn an elo anere Fraen e geschützte Raum ubidde wëllen. Hei kanns du dech fräi ausdrécken, ouni verurteelt ze ginn. Du hues d’Méiglechkeet, dech den heelenden* Energien wéi Reiki, Trance Healing, schamanescher Aarbecht, Liichtfrequenzen oder anere Formen vun Energieaarbecht hinzeginn – fir nees Kraaft a Rou ze fannen. Alles, wat am Krees gedeelt gëtt, bleift vertraulich.
Vläicht leeft awer och grad alles gutt bei dir, an du spiers den Opruff, als eng vun deene Fraen matzemaachen, déi mat hirer Heelmethod* aner ënnerstëtze wëll?
Mir treffen eis eemol de Mount, ëmmer um 19:00 Auer, un de folgende Datumer:
16.01.2026
20.02.2026
20.03.2026
17.04.2026
22.05.2026
19.06.2026
17.07.2026
D’Deelhuelen un eise Kreesser ass gratis.
Wann s du interesséiert bass, dech matzedeelen oder mat denger Heelmethod* aner Fraen wëlls begleeden, da mell dech gär bei eis! Mir beäntweren och gär all deng Froen.
📧 Email: venustoechter@gmail.com
Umeldunge si méiglech ab Ufank Dezember.
* Mir schwätzen hei vu komplementäre Methoden, déi kee medezinesche Traitement ersetzen. Et gi keng Diagnosen erstallt a keng Heelverspriechen ofginn. All Fra handelt an eegener Verantwortung a soll bei gesondheetleche Froen ëmmer hiren Dokter oder Therapeut mat abezéien.
“When women gather in circles, the world heals a little more.” — unknown

