top of page

Schamanesch Berodung

"I think that the great Mother Nature in her wisdom knows exactly what she's doing when it comes to people; only thing is, people don't know what they're doing when it comes to people. Places like this are full of magic that has never changed. It's people who are changing - they're looking at the world through very serious eyes and forgetting that there's a magic in nature that can teach them and help them. So many people look to their intellect and things like philosophy and religion for answers, when so many answers are in the world around them!" (Gordon Smith - A thin place where two worlds meet, p. 184)

Schamane gëtt et schonn zanter ëmmer an an alle Kulturen. Hei an Europa war dës al Traditioun laang an de Vergiess geroden, mee lues awer sécher fänkt se nees un sech ze verbreeden. Ëmmer méi Leit sinn drun interesséiert, den ale Wee ze goen, de Wee vun der Natur, de Wee vun der Spiritualitéit.

Et handelt sech heibäi weder ëm eng Relioun nach ëm eng Sekt! Villméi gëtt Spiritualitéit hei selwer erfuer an individuell gelieft. Beim Spadséiergank duerch de Bësch, bei der Gaardenaarbecht, beim Sonnenënnergank op der Plage - iwwerall kann een di universal Energie spieren an eng Ahnung dovu kréien dass et méi gëtt ënnerem Himmel wéi dat, wat mir mat eise physeschen An gesinn!

Di zentral Technik am Schamanismus ass di schamanesch Rees, déi ganz einfach ze léieren ass. Mat Hëllef vun engem bestëmmten Trommelrythmus fänkt d'Gehir un, op enger anerer Frequenz ze schwéngen: et kënnt een an eng liicht Trance (ähnlech wéi während enger Hypnos wou een déif entspaant ass, an awer alles matkritt wat ronderëm ee geschitt), während där een Zougank zur "Anderswelt" huet an de "Spirits", déi dës Welt bevëlkeren an nëmmen drop waarden eis weider ze hëllefen op eisem Wee, eis Äntwerten ze ginn op eis Froen, eis Heelung ze vermëttelen am energetesche Sënn.

Ee Psycholog géif soen: et huet een Zougank zum Ënner- an Iwwer-bewosstsinn. Mee de Schamanismus huet nun eben emol seng eegen Terminologie ;)

 

Di schamanesch Aarbecht ass praxisorientéiert, an den Alldag integréierbar a fir all Mënsch méiglech, deen sech dofir opmécht. Egal op wéi eng Fro mir keng Äntwert fannen, egal wéi ee Problem scheinbar onléisbar ass, egal wou mir op eisem Liewenswee dru sinn - op enger schamanescher Rees kréie mir gehollef! Heiansdo op eng spektakulär Manéier, heiansdo ganz einfach, munchmol awer och esou, dass mir eréischt mi spéit verstinn, wat do gesot gouf oder passéiert ass.

Heiansdo froen d'Leit mech, ob ech dorunner gleewen, dass dat wat op enger schamanescher Rees passéiert real ass. Jo, ech gleewen dorunner. An ech gleewen drun, dass d'Heelung déi do op energetescher Ebene geschitt, hire Wee an eis Realitéit fënnt. Ech hunn et selwer erlieft, bei mir selwer, awer och bei anere Leit. Schamanismus kann eist Liewe veränneren. Schamanismus kann eis hëllefen, erëm ganz ze ginn.

D'Sandra Ingermann, eng bekannt amerikanesch Schamanin schreift dozou an hirem Buch "Auf der Suche nach der verlorenen Seele" (ISBN 978-3-453-70155-7): "Nach vielen Jahren der Arbeit mit schamanischen Reisen weiß ich, dass die nicht alltägliche Wirklichkeit real ist. Aber ich habe nicht die Absicht, Sie davon zu überzeugen. Für mich lauten die großen Fragen folgendermaßen: "Sind die Informationen, die ich durch meine schamanischen Reisen bekomme, wirksam?", "Führen diese Informationen zu einem positiven Wandel im Leben eines Menschen?" und: "Falls das so ist, wen kümmert es dann schon, ob ich sie mir einbilde?""

Fir mech ass Schamanismus zu enger Liewensastellung ginn :)

„Man sieht nur mit dem Herzen gut. Das Wesentliche ist für die Augen unsichtbar.“ Antoine de Saint-Exupéry - Der Kleine Prinz

                                                   © 2017 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page