top of page

Meng Methoden

Ech bidde menge Clienten di folgend Methoden un:

  • Reiki

  • Cantor Holistic Touch

  • schamanesch Berodung

  • Emmett Technique

Duerch d'Kombinatioun vun dëse verschiddenen Techniken, déi jee no Bedarf agesat ginn, ass et méiglech Entspanung erbäizeféieren, wann een sech dofir opmécht:

 

  • Réckwéi? Di richteg Emmett-Grëffer, an oft geet et da scho besser!

  • Stress? Wéi wier et mat Reiki?!

  • Et ass der alles ze vill? Eng “Massage” mat Hëllef vun der Cantor-Energie ka Wonner wierken!

  • Ëmmer déiselwescht Fro déi am Kapp ronderëm dréint? Du wees nit wéieng Richtung s de aschloe solls? Eng schamanesch Rees kann d'Äntwert bréngen!

 

Dëst si just e puer Beispiller wéi dës Techniken agesat kënne ginn. Dat flott drun ass, dass dës Methoden sech fantastesch ergänzen!

 

Donieft bidden ech och d'Ausbildung un

 

  • an di 3 éischt Reikigraden

  • a fir de schamanesche Beroder.

Wann s Du eng Fro dozou hues, zéck nit mer unzeruffen um Telefon +352 691 662 588 oder maach mer ee Mail op entspan.dech@gmail.com.

Wichteg Info:

Ech weisen drop hin, dass ech keng Diagnosen erstellen däerf a meng Behandlungen nit den Dokter ersetzen! Ech ka keng Heelung verspriechen a wäert mech ni an eng lafend medezinesch Behandlung amëschen. Meng Aktivitéite ginn exklusiv am Beräich vum Bien-Être ausgefouert a sinn als komplementär zur medezinescher Therapie unzegesinn, fir déi alleng den Dokter zoustänneg ass. Mäin Ziel ass et, mat Hëllef vun energetesche Methoden d'Selbstheelungskräfte vum Kierper ze stäerken an Entspanung ze bréngen.  All Informatiounen déi ech am Kader vu menger Aarbecht kréie behandelen ech vertraulech a mat Respekt.

"Heil zu sein bedeutet, daß alle Aspekte unseres Selbst als ein einziges Ganzes zusammenarbeiten." Helen Gamborg: Das Wesentliche ist unsichtbar, Reinbek bei Hamburg: Rowohlt, 1998, S. 91 ISBN: 3499605856

                                                   © 2017 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page