top of page
Logo Töchter der Venus.jpg

Töchter der Venus
Healing Circle

Heiansdo bréngt d’Liewen eis an eng Situatioun, an där mir eis eleng fillen, net méi weider wëssen a mengen, de Plaffong géif eis op de Kapp falen. An esou Momenter fält et schwéier, driwwer ze schwätzen. Vläicht ass grad keen do, deen eis nolauschtert. Vläicht hu mir Angscht, anere Leit mat eisem Misär op de Sou ze goen. Vläicht hu mir ni geléiert, eis wierklech opzemaachen. Oder mir mengen, mir wiere jo net esou wichteg.

 

Vläicht ass eisen Töchter der Venus Healing Circle da grad déi Plaz, wou s du dech gebuergen fills – wou een dir nolauschtert an deng Séil e bëssen Otem fënnt.

Mir sinn eng Grupp vu Fraen, déi och scho selwer duerch schwéier Zäite gaange sinn an elo anere Fraen e geschützte Raum ubidde wëllen. Hei kanns du dech fräi ausdrécken, ouni verurteelt ze ginn. Du hues d’Méiglechkeet, dech den heelenden Energien wéi Reiki, Trance Healing, schamanescher Aarbecht, Liichtfrequenzen oder anere Formen vun Energieaarbecht hinzeginn – fir nees Kraaft a Rou ze fannen. Alles, wat am Krees gedeelt gëtt, bleift vertraulich.

Vläicht leeft awer och grad alles gutt bei dir, an du spiers den Opruff, als eng vun deene Fraen matzemaachen, déi mat hirer Energiemethod anerer ënnerstëtze wëll?

 

Mir treffen eis eemol de Mount, ëmmer um 19:00 Auer, un de folgenden Datumer:

16.01.2026
20.02.2026
20.03.2026
17.04.2026
22.05.2026
19.06.2026
17.07.2026

21.08.2026

 

D’Deelhuelen un eise Kreesser ass gratis.

 

Wann s du interesséiert bass, dech matzedeelen oder mat denger Energieaarbécht aner Fraen wëlls begleeden, da mell dech gär bei eis! Mir beäntweren och gär all deng Froen.

 

📧 Email: venustoechter@gmail.com

Wichteg: Mir schwätzen hei vu komplementäre Methoden, déi keng medezinesch Behandlung ersetzen. Et gi keng Diagnosen erstallt a keng Heelverspriechen ofginn. All Fra handelt an eegener Verantwortung a soll bei gesondheetleche Froen ëmmer hiren Dokter oder Therapeut mat abezéien.

Hei de Feedback vun der 1. Fra déi sech bei eis matdeele konnt:

“Ech hat déi grouss Chance an dësem éischten esou wäertvolle Krees alleng ze si fir mech matzedeelen. Ech hat also ganz vill Raum fir mech kënnen auszedrécken. Et war eng immens interessant Erfahrung, déi ganz vill mat mir gemaach huet, well ech sou nach ni mech ausgedréckt hunn an engem Krees, ouni dass een eppes dozou seet.

 

Ech sinn immens gehal ginn, einfach nëmmen duerch d'Präsenz vu wonnerbare staarke Fraen. Si hu mech duerch meng Roserei gedroen, bis hin dass ech et fäerdeg bruet hunn ze jäitzen. Et war immens befreiend an ech hu mech wierklech dono vill méi liicht gefillt.

 

Dono krut ech ganz vill Energieheelung geschéckt an daat huet sech ugefillt wéi wann ech geflunn wier. Et war immens kraaftvoll an eng wonnerschéin Erfahrung.

 

Merci iech vun Häerzen! Et huet ganz vill a mir ausgeléist…

 

Ech ka jidderengem vun Häerzen nëmmen uroden sech ze trauen dëss Erfahrung ze maan.”

​​​

​​

“When women gather in circles, the world heals a little more.” - unknown

                                                   © 2025 by Entspan dech       TVA LU29655709

bottom of page